Lëscht vun de Waassertierm zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gëtt et 2014 knapps 600 Drénkwaasserbehältere vun deenen der 562 a Betrib sinn. Dovu sinn déi meescht Äerdbehälteren déi ee kaum gesäit, nëmmen ëm déi 60 si Waassertierm déi heefeg wäit iwwer d'Gebaier ronderëm erauskucken an dofir scho vu wäitem ze gesi sinn. Vun deene 60 Tierm sinn der awer 2014 nëmmen nach 40 a Betrib. Wéinst dem allgemenge Bevëlkerungswuesstem sinn zanter den 2010er Joren eng Rëtsch nei Waassertierm gebaut ginn, resp. am Bau. An dëser Lëscht sinn all d'Waassertierm zu Lëtzebuerg opgezielt, souwuel déi di nach a Gebrauch sinn wéi och déi di et net méi sinn.